Section Production musicale

An dengem Parcours vu 4e  GPM bis 1re GPM entdecks du, wéi ee Musek produzéiert an ophellt a Concerte live mixt. Du léiers och déi verschidden Institutiounen, Beruffer a wichteg Informatiounen am Museks- a Kultursecteur kennen.

Ausserdeem léiers du d’Grondlage vun der Musekstheorie op eng praktesch Aart a Weis, souwéi wichteg mathematesch a physikalesch Konzepter kennen, déi fir d’Verständnis vun der Musek hëllefräich sinn.

Wéis du gesäis, ass dës Sektioun op d’Praxis orientéiert, wou s de deng Fäegkeete bei Projeten aus der Museksindustrie ënner Beweis stelle kanns. Béi verschiddene Projeten ergëtt sech esouguer d’Méiglechkeet, matt Experten aus der Museks- a Kulturzeen zesummenzeschaffen.

Du brauchs keng Musekserfarung fir dech op d’Sektioun unzemellen.

More information: COMING SOON

Open Day Secondary

Would you like to know more about what we have to offer? Do you want to find out about our Luxembourgish school...

read more

Elevate!

Conversations on Teaching and Learning: an invitation to Elevate! and our Teacher Learning Communities Elevate! is our...

read more