Direkt no der Päischtvakanz ass d’Rees fir eis Schülerinnen a Schüler aus de Klassen 4GTG1, 4GCM3, 3GCM1 an 3GCM2 an d’Lechtaler Alpen gaangen. Wärend enger Woch voller sportlechen an léierräichen Erfarungen konnten si hier Grenzen austesten an der Natur méi no ko

mmen.

Sportlech waren si bei längeren Wanderungen, beim Mountainbike a beim Klammen am Lechtal an um Arlberg ënnerwee. En Highlight vun dëser Woch war dobäi fir vill di spannend Raftingtour um aiskaalen Lech.

Donieft konnten si di onberéiert Natur am Lechtal kenneléieren. Féierungen duerch d’Kraiderwelt, den Naturpark Tiroler Lec

h an den Natur Pur Atelier hunn si iwwert den Tellerrand blécken gelooss.

Mee och den Owesprogramm huet eisen Schüler néi Andréck vun sech, hiren Matschüler an hiren Proffen ginn.

 

En ofschléissenden Kommentar vun der Proffenequipe:

En groussen Merci un d’Schüler fir deen onvergiesslechen Stage,  deen esou just méiglech war, duerch eng super Zesummenaarbecht mat iech Schüler. MERCI!

PAIN IS TEMPORARY, MEMORIES LAST FOREVER