Eng flott Woch hunn eis 8TE3 an 8TE4 bei herrlecher Sonn a schéinstem Schnéi zu La Plagne verbruet. Nieft dem Sport mat Ski- a Snowboardfueren haten eis Schüler och d’Geleeënheet fir un Aktivitéiten Deel ze huelen, wou si sech als Klass an deelweis och hier Proffen konnten besser kennen léieren.

This post is also available in: Anglais