Vum 29. Abrëll bis den 5. Mee hunn 47 Schülerinnen a Schüler aus de Klassen 11CM1, 11CM3, 11TG3 an 4EC um Stage zu Holzgau an Éisträich Deel geholl.

Vill Sport an de Bierger an der Natur stoung um Programm, wou esou muencher een seng Grenzen nei kennen geléiert huet. Wien beim Mountainbike, Klammen, Wanderen, Rafting oder Schnéischungwanderen sech nach net genuch ausgepowert hat fir owes mat Zäiten um Zëmmer ze sinn hat zousätzlech d’Éier vun engem klengen Frühsport op d’Lusthäuschen oder en Tour Lafen duerch d’Lechtal.

Nieft dem Sport sollten d’Schülerinnen a Schüler sech an hier Proffen awer och bei aner Aktivitéiten besser kennen léieren. Fir de kulturellen Aspekt huet e Besuch am Naturpark Lechtal an e Besuch am Schlass Neuschwanstein gesuergt.

E grousse Merci un déi komplett Equipe (Schüler, Proffen a Buschauffeur) fir déi erliefnisräich an onvergiesslech Woch an de Bierger!