Vum 30. Abrëll bis den 7. Mee hunn 35 Schülerinnen a Schüler aus de Klassen 11CM2, 11CM3, T1CM an 4EC um Stage zu Holzgau an Éisterräich Deel geholl. Nieft engem variéierten an usprochsvollen Sportprogramm an der Natur (Klammen, Mountainbike, Rafting, Wanderen a Schnéischungwanderen) stoungen och Workshops ewéi Jobbing, Kachen, Siebdruck an eng Visite vum Schloss Neuschwanstein um Programm.

Och déi mëttlerweil 17. Editioun vun dësem Stage wor nees fir all Participant eng gelongen an erfollegraich Woch mat villen neien Erfahrungen.

This post is also available in: Anglais